RéimechAutomobilistin hat ze vill gedronk, Auto gouf ofgeschleeft

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg fréi krut d'Police gemellt, datt zu Réimech op der Tankstatioun e getéitschten Auto géif halen.

D'Beamte sinn op d'Plaz kucke gefuer an hunn do eng Fra begéint, déi probéiert huet, hire Pneu ze wiesselen, wat hir awer net gelongen ass.  Et huet sech erausgestallt, datt Madamm e puer Kilometer op der Felge gefuer ass an den Auto huet missen ofgeschleeft ginn.

Den Alkoholtest huet erginn, datt si vill ze vill gedronk hat. Si krut de Führerschäin ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO