Accident um CR139Automobilistin hat ze vill gedronk an huet de Führerschäin mussen ofginn

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg ass eng Automobilistin tëscht Gréiwemaacher an dem Schorenshaff mat hirem Auto am Gruef gelant, blouf awer onverletzt.

Den Alkoholtest war allerdéngs positiv an de Führerschäin gouf agezunn.

E Samschdeg gouf kuerz virun 13.30 Auer en Accident um Sennengerbierg gemellt an der Rue de Trèves. 2 Autoe krute sech hei ze paken, 1 Persoun gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO