Zeie gesichtAutomobilist menacéiert a Gefier geklaut

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie krut e Mann an der Avenue de la Liberté zu Déifferdeng säi Gefier geklaut, wéi hien a säin Auto klamme wollt.

Wéi d'Affer sech wiere wollt, huet den Täter him ugedrot, e Messer ze zéien. Doropshin huet de Mann dem Ugräifer säi Gefier iwwerlooss an huet direkt, nodeem den Déif mam geklauten Auto fortgefuer ass, d'Police alarméiert. D'Affer gouf net blesséiert.

D'Gefier konnt e Mëttwoch den Owend an der Escherstrooss zu Éilereng erëmfonnt ginn, nodeem d'Police eng Sich nom Auto ageleet hat. Eng Plainte gouf gemaach an d'Ermëttlunge goufen opgeholl.

D'Police rifft Leit op, déi eventuell Indicen oder Informatiounen hunn, sech bei der Police vun Déifferdeng um 244 531000 oder per E-Mail u police.differdange@police.etat.lu zu mellen.

Back to Top
CIM LOGO