
Geschitt ass den Accident en Dënschdeg de Moie géint 09.20 Auer, dat op der rue de Luxembourg (N4) vun der Kockelscheier aus a Richtung Leideleng. Dobäi huet den Automobilist d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass op d'Géigespuer geroden.
Wéi de Chauffeur géige-lenke wollt, ass dëse mat sengem Gefier an d'Wiss geroden, déi un der Strooss gegrenzt. Kuerz drop huet den Auto sech op der Wiss e puer Mol iwwert eng Distanz vun 100 Meter iwwerschloen an ass um Feld säitlech leie bliwwen.
D'Persoun déi den Auto gefuer ass, konnt sech selwer aus dem Auto befreien, ma huet awer wéinst de schwéiere Blessuren op der Plaz vun engem Noutdokter versuergt ginn, iert en an d'Spidol transportéiert gouf. Wärend dem Asaz konnt de Verkéier iwwert eng Säit vun der Strooss weidergeleet ginn.

Da mellt de CGDIS nach en Accident tëscht Nidderfeelen an Heischent, hei gouf och eng Persoun blesséiert.
Weider gouf et nach e Kichebrand um Houwald, hei goufen zwee Leit verwonnt.

En Accident bei Eeschwëller gouf et e Méindeg den Owend kuerz virun 19 Auer. Et ass beim Materialschued bliwwen, kenger Persoun ass eppes geschitt.Am Lokalen huet de CGDIS nieft dem Accident zu Eeschwëller nach eng Persoun gemellt, déi e Méindeg den Owend géint 21.30 Auer zu Bieles vun engem Auto ugestouss a blesséiert gouf.
