
Wann déi viséiert Persoun net Doheem ass, kann et och virkommen, datt den Huissier - fir jidderee gutt visibel an eventuell humiliant- en Autocollant op d'Bréifboîte pecht.
Dorop ass dann ze liesen, datt beim nächste Passage riskéiert, d'Police an e Schlässer mat ze kommen, fir d'Dier opzebriechen, sou datt d'Saisie kann duerchgefouert ginn.
D'Praktik vum Autocollant confirméiert d'Justizministesch a seet, datt den Dierwiechter am Prinzip intervenéiert, nodeems eng Condamnatioun an engem Urteel geschwat gouf.
D'Fassong, fir esou virzegoen an domat u sech och no baussen visibel ze maachen, datt eng Persoun et mam Dierwiechter ze dinn huet, gëtt der Chambre des huissiers awer nëmmen da praktizéiert, wann den Debiteur net op fréier Ufroe reagéiert huet - souzesoen als leschte Moyen.
Der Ministesch no sollt och domat verhënnert ginn, datt et zu engem forcéierte Passage zesumme mat der Police kënnt.
Et war den DP-Deputéierte Guy Arendt, deen d'Sam Tanson iwwert dës Praktik vun Dierwiechter an enger parlamentaresch Fro ugeschwat hat.