Schlëssel stieche geloossAuto zu Schengen geklaut an a Frankräich erëmfonnt

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg um 17.45 Auer gouf virun enger Kellerei an der Wäistrooss zu Schengen en Auto geklaut.

De Besëtzer vum Auto hat de Schlëssel a sengem Gefier stieche gelooss. Him war séier opgefall, datt säin Auto geklaut gouf an hat d'Police alarméiert, déi direkt nom Auto siche gelooss huet. Séier goufen och d'Beamten aus Däitschland a Frankräich informéiert an d'Gefier gouf kuerz dono ouni Chauffer a Frankräich erëmfonnt. Hei hat den Déif den Auto einfach ofgestallt.

Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO