
Erbléckst haten d’Beamten d’Gefier, well et op engem Parking an der Diddenuewenerstrooss zu Gaasperech stoung an de Winker unhat. Wéi d’Poliziste méi no koumen, hu si festgestallt, datt och de Moto gelaf ass an de Chauffer vum Auto hannert dem Steier geschlof huet. Wéi d’Beamten de Mann du kontrolléiert hunn, ass opgefall, datt hien ze vill gedronk hat. Den Test huet dëst confirméiert an de Permis gouf agezunn.