2 BlesséierterAuto op der Kopp zu Rolleng, Persoun ugestouss op der RN10

Andy Brücker
De CGDIS mellt zwee Blesséierter op eise Stroossen um Sonndeg den Owend.
© Jeannot Ries

Kuerz no 18.30 Auer huet sech an der Lëtzebuerger Strooss zu Rolleng (Lamadelaine) en Automobilist mat sengem Gefier iwwerschloen. Eng Persoun ass verwonnt ginn. Op der Plaz waren d’Pompjeeën an d’Ambulanz vu Péiteng.

Kuerz virun 20 Auer gouf op der Streck tëscht Rëmerschen a Schwéidsbeng eng Persoun ugestouss. Hei huet de SAMU mussen an den Asaz, grad ewéi d’Pompjeeë vu Schengen an d’Ambulanz vu Réimech.

Back to Top
CIM LOGO