
Den Escher Samus-Noutdokter, grad wéi d’Secouriste vu Suessem/Déifferdeng a Käerjeng waren am Asaz.
1 liicht Blesséierte goufe et géint 19.25 Auer zu Sandweiler an der rue de Remich, wéi en Auto hei accidentéiert ass. D'Ambulanz vu Lëntgen an d'Pompjeeë vu Sandweiler waren op der Plaz.
Kuerz virun Hallefnuecht gouf et dunn nach en Accident tëscht Diddeleng a Beetebuerg, bei deem eng Persoun liicht verwonnt gouf. D'Ambulanz vun Esch an d'Pompjeeë vun Diddeleng waren am Asaz.
E Méindeg de Moien huet et zu Keel an der rue de Noertzange tëscht 2 Autoe gerabbelt. 1 Persoun gouf blesséiert. D'Ambulanz vu Beetebuerg an d'Pompjeeë vu Keel waren op der Plaz.