112Auto op der Kopp, 2 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
Wéi et zu dësem Accident um CR162 komme konnt, ass bis elo nach onkloer.
© RTL Archiv

Um CR162, der Streck tëscht Elleng a Fëlschdref, huet sech, aus bis elo onbekannte Grënn, en Auto op d'Kopp gedréit. 2 Persoune goufen dobäi blesséiert.

Op der Plaz ware Rettungsekippe vu Munneref a vu Réimech.

Weider Accidenter

Kuerz virun 9 Auer ass e Sonndeg de Moien tëscht Mäerzeg an Uewerfeelen en Auto vun der Strooss ofkomm, dobäi gouf eng Persoun blesséiert.

Géint 10 Auer ass dunn een Auto tëscht Mamer a Kielen an e Schëld gerannt och do gouf et een Blesséierten.

An op der Maartplaz zu Réimech huet et géint hallwer 11 geknuppt. 2 Autoen sinn net laanschteneen komm. Och do 1 Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO