
Wéi d'Police mellt, ass d'Mierscherstrooss komplett fir den Trafic gespaart. Éischten Informatiounen no gouf eng Persoun méi uerg blesséiert a koum mam Rettungshelikopter an d'Spidol.
Zu Beetebuerg an der Route de Mondorf koum et e Mëttwoch géint 10.47 Auer zu engem Accident tëscht engem Camion an engem Auto. Blesséiert gouf awer keen.
An der Stad Um Boulevard Joseph 2 kruten e Motorrad an en Auto sech ze paken. 1 Persoun gouf hei verwonnt.
Kuerz viru 15 Auer huet et zu Proz geknuppt. Hei waren 2 Gefierer am Coup, 1 Persoun gouf blesséiert.