
D'Gefier mat der Plackennummer FL 4574 gouf um Sonndeg géint 14.30 Auer op enger Parkplaz an der Rue Victor Prost zu Gréiwemaacher ofgestallt an e Méindeg de Moie géint 7 Auer als geklaut gemellt. Den Auto huet e sougenannte "Keyless" System. All Informatioun ass fir de Policebüro Museldall um Telefon 244-701000 oder per E-mail op police.museldall@police.etat.lu.
Géint 13.30 Auer um Sonndeg gouf op der Place de la Gare an der Stad versicht, eng elektresch Trottinett ze klauen. De Besëtzer hätt seng Trottinett ofgestallt, fir an de Supermarché ze goen, esou d'Police. Wéi hien nees erauskoum, hätt e gesinn, datt e jonke Mann am Gaange wier, ze versichen, d'Schlass vun der Trottinett mat enger metallener Staang opzebriechen. Doropshin hätt hien den Täter confrontéiert, dee sech séier duerch d'Bascht gemaach hätt. D'Police hätt de jonke Mann awer kuerz drop an der Stroossbuerger Strooss fonnt. Hien hätt kleng Quantitéiten Drogen an Drogenutensilien dobäi gehat. Op Uerder vum Parquet gouf et e Protokoll, d'metalle Staang, d'Drogen an d'Utensilie goufe confisquéiert.