
Géint 15.20 Auer ass et tëscht Esch-Uelzecht an Däitsch-Oth zu engem Accident komm. En Automobilist hat e Motorrad ze pake kritt. De Motocyclist ass dobäi blesséiert ginn a mat der Ambulanz vun Esch an d’Spidol bruecht ginn. Op der Plaz waren och d’Pompjeeë vu Schëffleng.
Nëmme puer Minutte méi spéit huet zu Zolwer an der Rue Belle-vue eng Poubelle gebrannt. D’Pompjeeë vu Suessem an Déifferdeng haten d’Flame séier ënner Kontroll.