Dat op der EU-Grenz zu Bosnien an Herzegowina. Mat Gewalt gi Flüchtlingen a Migranten dovunner ofgehalen, an der EU Asyl ze froen.
Och enger Famill aus dem Irak, déi den Ament zu Lëtzebuerg lieft, ass dat geschitt. An elo soll se a Kroatien zeréckgeschéckt ginn.
D’lescht Joer am Oktober ass d’Famill zu Lëtzebuerg ukomm, wou d’Fra, am 7. Mount enceinte, fir d’éischte Kéier en Dokter ze gesi krut. De Puppelchen huet haut 8 Wochen.
Den 21. Januar koum dunn d’Decisioun vum Minister Jean Asselborn, fir déi Famill zréck a Kroatien ze schécken. Den Affekot hat keng aner Wiel, wéi d’lescht Woch beim Verwaltungsgeriicht e Recours unzefroen, fir eng Annulatioun vun där Decisioun z’erzwéngen.
Den Irak ass keng deklaréiert Krichsregioun méi wéi niewendru Syrien. Mee et ass weiderhin e Land, aus deem vill Awunner op international Protektioun ugewise sinn.