Keng perséinlech Wënsch no ImpfstoffAttestatioun vum Dokter am Impfzentrum net respektéiert? Et ginn Explikatiounen

Diana Hoffmann
Ëmmer méi Leit géife bei der Patientevertriedung uruffe well se veronséchert sinn, nodeems en Attest vun hirem Dokter am Impfzenter net respektéiert gouf.
© RTL-Archiv

Kee Vaccin-Choix / De Reportage vum Diana Hoffmann

Attestatiounen, déi Doktere vulnerabele Patienten ausgestallt hunn, géingen an den Impfzentren dacks negligéiert ginn. Sou géingen déi betraffe Leit, trotz dem Avis vun hirem Dokter, keen anere Vaccin ugebuede kréien. Dat soen d’Patientevertriedung an d’Union luxembourgeoise des Consommateurs. De President vun der Associatioun vun den Dokteren ënnersträicht awer, datt selbstverständlech bestëmmte Krankheetsbiller géing Rechnung gedroe gi beim Choix vum Corona-Vaccin.

Bei der Patientevertriedung schellt den Telefon ouni Enn. De President vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD, den Alain Schmit erkläert, wisou dat de Fall kéint gewiescht sinn.

Alain Schmit: Ech mengen, datt och bei den Dokteren natierlech och Preferenzen entstinn, wat déi eenzel Impfstoffer sinn... dat ass och verständlech. Ech mengen och, si liese jo ganz opmierksam, wat sech ronderëm déi verschidden Impfstoffer deet. Et ass natierlech eng perséinlech Preferenz och kann novollzéibar sinn. Dat ass leider awer net kompatibel mat den Impfstoffer, déi mer zur Verfügung hunn. Doduerch ass dann den Dokter, deen am Impfzenter sëtzt, dee kann net déi perséinlech Wënsch vun de Leit oder vun engem verschreiwenden Dokter all Kéiers respektéieren.

Den Alain Schmit

Vill Leit si veronséchert. Trotz Avis vun hirem Dokter, net mat AstraZeneca geimpft ze ginn, krute si kee Choix am Impfzentrum a sinn doropshin ongeimpft erëm Heem gaangen. De President vun der Patientevertriedung, de René Pizzaferri, fuerdert dofir onbedéngt eng besser Koordinatioun tëscht den Doktere generell an deenen an den Impfzentren. D’Krittären, wien als vulnerabel gëllt, wiere jo an engem Reglement vum Direkter vun der Santé festgehalen. Do misst jo da kloer sinn, ob een trotz enger gewësser Vulnerabilitéit kéint mat AstraZeneca geimpft ginn. Wann dat esou wier, da misste sech den zoustännegen Dokter an deen am Impfzenter jo awer eens ginn, esou de René Pizzaferri.

D’Doktesch Stéphanie Obertin, Presidentin vun der Associatioun vun de Generalisten, hofft op méi Vertrauen an d’Dokteren an den Impfzentren. Si géinge schliisslech déi aktuellst Consignë vun der europäescher Medikamentenagence Ema an der Weltgesondheetsorganisatioun ëmsetzen. Wisou awer, schreiwen dann d’Hausdokteren esou Avisen, wa se net ëmmer berécksiichtegt ginn? – kann ee sech froen. Den Dokter Alain Schmit, President vun der Associatioun vun den Dokteren an Zänndoktere seet, et wier novollzéibar, datt villäicht eng Präferenz vun engem Dokter fir e bestëmmten Impfstoff do wier, an no Méiglechkeet kéint een dat och berécksiichtegen. Zu Lëtzebuerg hätt een dës Méiglechkeet den Ament awer net, fir all Präferenz ze respektéieren. "Do sinn den Dokteren an den Impfzentren d’Hänn gebonnen“, sou den Alain Schmit. Dofir kann net alles esou ëmgesat ginn, wéi vun de Leit oder villäicht engem aneren Dokter gewënscht.
D’Stéphanie Obertin ënnersträicht och, datt hirer Meenung no den zoustännegen Dokter an éischter Linn soll do sinn, fir dem Patient d’Angscht ze huelen a mat him iwwer méiglech Niewewierkunge vun engem Vaccin ze schwätzen. Mä him net onbedéngt soll uginn, wéi een Impfstoff e soll kréien. Et wier elo wichteg, d’Leit ze rassuréieren, seet och den Alain Schmit. Vill Berichter an der lokaler an der auslännescher Press iwwer Niewewierkunge vu Vaccinen hätten zwar zum Zil gehat, opzeklären, mä hätte bei ville Leit och zur Veronsécherung gefouert. "Wat awer wichteg ze wëssen ass, ass, datt d’Gefor, déi vum Astra-Impfstoff  ausgeet bei Wäitem méi kleng ass, wéi d’Geforen duerch de Virus selwer“, preziséiert den Alain Schmit.

Wann een an anere Länner géing opgrond vun neien Erkenntnesser decidéieren, e Vaccin komplett vum Marché ze huelen, da wier dat, well ee sech kéint de Luxus erlaben an nach genuch anere Vaccin hätt. Dat wier den Ament zu Lëtzebuerg awer eben net de Fall. D‘Impfcampagne misst elo sou séier wéi méiglech weidergoen.

PDF: Pressecommunique vun der ULC + Patientevertriedung 15. Abrëll 2021

Back to Top
CIM LOGO