
De soziale Wunnengsmaart, de Manktem u Wunnengen, déi ee sech och bei engem klengen Akommes ka leeschten, a virun allem déi rezent Diskussioun ronderëm d’Cafés-Zëmmer, maachen d’Aarbecht vun der ASBL Life fir d’Gemengen zimmlech intressant.
Life ass nämlech eng ASBL, déi sech haut a 15 Gemengen ëm 20 Haiser bekëmmert, déi als Wunngemeinschafte verlount sinn.
Bei hinne stéing de Mënsch, d’Solidaritéit, a net de Rendement vun enger Locatioun am Mëttelpunkt, sou d’Vertriederin vun der ASBL; fir maximal 600 Euro waarm géif en Zëmmer verlount.
Net just de Besëtzer géing vun hirem Know How profitéieren, mee och d’Gemengen, an dofir huet Life deenen um Donneschdeg op der Bilans-Pressekonferenz eng Konventioun proposéiert, eng Zort Zesummeleeë vun de Waardelëschten.
Serie WGen - Deel 1: Trotz Wunneng keng Adress an ouni Adress kee Revis
Serie WGen - Deel 2: Solidarescht WG-Wunnen am Neiduerf
Serie WGen - Deel 3: Cafés-Zëmmer "De Luxe" - Eng Raritéit zu Lëtzebuerg
Serie WGen - Deel 4: Déieren erlaabt - Eng nei "Halte de nuit"