
Géint 11.30 Auer huet en Abriecher zu Réimech an der Rue Dicks an engem Appartementshaus un e puer Wunnengsdiere geklappt, fir sécher ze goen, dass keen doheem ass. Eng Dier, wou keng Gräischer ze héiere waren, huet de Brigang du mat Hëllef vun engem Tournevisse opkritt, déi zousätzlech awer mat enger Kette geséchert war. Wéi d'Proprietärin ugefaangen huet ze jäizen, ass den Abriecher fortgelaf. Et blouf beim Materialschued.
Géint 2.40 Auer krut en Automobilist bei Reisduerf en aneren Auto ze paken, dat liicht beschiedegt gouf. De Mann ass weider a Richtung Beefort gefuer an en Zeien huet d'Police geruff. Op der Héicht vun engem Bësch hunn d'Beamten de Chauffer an den Zeien spéider ugetraff. De Fuerer hat däitlech ze vill gedronk. Den Otemtest war positiv an de Permis fort.
Enger Patrull ass géint 3 Auer eng jonk Koppel zu Stroossen an der Rue de Romains opgefall, déi do getrëppelt ass. Si wollten déi 2 wéinst dem Verstouss vun der Ausgangsspär kontrolléieren. An där Zäit, wou d'Police hire Won geparkt huet, ass d'Koppel an en Auto geklommen an huet sech séier a Richtung Bartreng ewech gemaach. Kuerz virun der Opfaart op d'Areler A6 gouf den Auto gestoppt. De Mann hannert dem Steier hat ze déif an d'Glas gekuckt a krut e Protokoll, dee gouf et och well sech net un de Couvre-feu gehale gouf.
Am Mierscher Bezierk ass enger anerer Policepatrull géint 14 Auer en Automobilist duerch säin onséchere Fuerstil opgefall. Hie gouf gestoppt a kontrolléiert. D'Beamten hunn de Geroch vu Marihuana an d'Nues kritt. Dorop ugeschwat, huet de Mann hinnen eng kleng Quantitéit Drogen an Accessoire ginn. Bei der Perquisitioun vum Auto gouf nach e Knëppel, Pefferspray an e Butterfly-Messer entdeckt. En Drogeschnelltest war positiv, soudass d'Gefier, d'Waffen an d'Drogen sécher gestallt goufen. De Chauffer krut e Protokoll.