Eenegung mat de SozialpartnerArcelorMittal entléisst keen, ma Plaze ginn awer ofgebaut

Marc Hoscheid
Trotz dem Ofbau vu ronn 300 Aarbechtsplazen huet de Stolkonzern ArcelorMittal zesumme mat de Sozialpartner betount, datt et keng Entloossunge gëtt an d'Zukunft vun der Siderurgie zu Lëtzebuerg geséchert bleift.
© MECO

ArcelorMittal wäert keng Mataarbechter entloossen an d’Stolindustrie huet weider eng Zukunft zu Lëtzebuerg – dat war den Haaptmessage, deen d’Sozialpartner e Freideg no der Ënnerschrëft vum Accord Lux2029 verbreede wollten. Dat géing weisen, datt de Lëtzebuerger Sozialmodell weider funktionéiert – ma trotzdeem gi Plazen ofgebaut.

An zwar eng 300, ganz genee 303, vun den insgesamt iwwert 3.300 Aarbechtsplazen. Dat awer eben net iwwert Entloossungen, mee déi Concernéiert sollen entweder iwwert d’Cellule de reclassement opgefaange ginn oder an d’Prepensioun goen, potentiell kéinte vun där Mesure eng 183 Leit profitéieren. Datt Plazen ofgebaut ginn, hätt e puer Grënn, zum Beispill eng Fluktuatioun vun de Präisser um Weltmarché awer och d’Automatiséierung vun administrative Prozesser duerch d’Kënschtlech Intelligenz.

ArcelorMittal wäert zu Lëtzebuerg keng Leit entloossen
Et wäerten awer eng 300 Plazen ofgebaut ginn, allerdéngs net duerch Entloossungen.

An déi verschidde Sitte soll iwwerdeems weider investéiert ginn, notamment um Belval, wéi de Robert Fornieri vum LCGB erkläert: “Puis il y a aussi un grand investissement stratégique où l’étude est encore en cours, c’est l’avenir du train à palplanches pour Belval qui pourra vraiement donner une vue à longue terme pour le Luxembourg. C’est un vrai challenge et ça c’est le suivi qui permettra de s’assurer que cet investissement sera fait et au sein de l’accord pendant les quatres années on va falloir pousuivre activement ce développement.”

Eleng um Belval sollen e puer Honnert Milliounen Euro investéiert ginn, de geneeë Montant ass awer nach net bekannt. Dobäi komme ronn 330 Milliounen Euro, déi generell bis 2029 investéiert ginn. Duerch déi Suen hätt zum Beispill och d’Wierk zu Biissen elo eng zolidd Perspektiv fir d’Zukunft.

De Wirtschaftsminister Lex Delles huet vu laangen Diskussioune geschwat, déi awer um Enn zu engem gudden Accord gefouert hätten:“Deen och d’Pérennitéit vun den Aktivitéiten an der Siderurgie vun ArcelorMittal hei zu Lëtzebuerg garantéiert, net nëmme bis 2029, mee och doriwwer eraus. Well se nämlech ganz héich Investissementer an d’Sitten zu Lëtzebuerg maachen, Investissementer vu méi wéi 300 Milliounen Euro iwwert déi nächst véier Joer, fir d’Aktivitéit an der Siderurgie och hei zu Lëtzebuerg oprecht ze erhalen. Ee wichtegen Deel vum industriellen Tissu, dee mer hei hunn, an op där anerer Säit awer och nach am Siège nei Aktivitéite wäerten op Lëtzebuerg huelen. Et gëtt also net nëmme keng Delokalisatioun vum Siège, mee et kommen och nach nei Aktivitéiten hei hin.”

Am Fong hätt den Accord bis 2030 lafe sollen, mee well d’Situatioun wéineg previsibel wier, gouf en ëm ee Joer verkierzt.

Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO