Gemenge Veianen an TandelAnalysen hunn erginn, dass d'Drénkwaasser den Ament net soll gedronk ginn

RTL Lëtzebuerg
An der Gemeng Veianen gëtt et eng bakteriell Verknaschtung vum Drénkwaasser, dat hunn Analyse vum Laboratoire vun der Waasserverwaltung erginn.
© AFP (Archiv)

Donieft sinn och Dierfer aus der Gemeng Tandel concernéiert. Et sinn dat Bëttel, Furen, Longsdref a Waalsdref.

D'Awunner aus de Gemenge solle wéinst der Verknaschtung kee Waasser aus dem Krunn drénken, ouni datt et virdrun 10 Minutten ofgekacht ginn ass.

Liewensmëttel, déi réi giess ginn, sollen net mat Waasser aus dem Krunn gewäsch ginn.

Och den Déiere soll ee just Waasser ginn, wat virdrun ofgekacht ginn ass.

PDF: Schreiwes Gemeng Tandel

Back to Top
CIM LOGO