
Am Film "Foreign Affairs" vun 2015 wier den LSAP-Ausseminister Jean Asselborn duergestallt an am rezente Film "An Zéro" kréichen déi Gréng Ministere Carole Dieschbourg a Claude Turmes eng Plattform.
Béid Produktioune wiere vum staatleche Filmfong finanziell ënnerstëtzt ginn, esou d'ADR, déi et bedenklech fënnt, datt hei Regierungsmembere sech géinge profiléieren, via eng Plattform, déi mat Steiergelder finanzéiert gëtt.
An engem oppene Bréif un de Staatsminister Xavier Bettel fuerdert d'ADR d 'Deontologieskommissioun ze saiséieren. Ënnerschriwwe gouf dee Bréif vum President vum parlamentaresche Grupp Fernand Kartheiser a vum Parteipresident Jean Schoos.