PoliceAn der Nuecht op e Sonndeg gouf et e puer Kläppereien

RTL Lëtzebuerg
Nieft direkt e puer Kläppereien a Clausen, gouf et och nach Rapp-a-Klapp zu Wäiswampech an zu Suessem.

A Clausen war e Mann vun direkt e puer Leit geschloe ginn. E konnt d'Police awer ruffen a sech an en Taxi flüchten. Déi presuméiert Täter konnte spéider festgeholl ginn.

Zu Wäiswampech hat eng Persoun probéiert eng Kläpperei ze verhënneren, a krut dobäi och déi eng oder aner mat of.
Zu Suessem huet eng alkoholiséiert Persoun am Flüchtlingsheem randaléiert an huet do fir materielle Schued gesuergt.

Back to Top
CIM LOGO