Bis Enn dës JoersAmazon wëll weider 600 Aarbechtsplazen hei am Land schafen

RTL Lëtzebuerg
Den Internet-Ris huet jo säin europäescht Haaptquartéier hei. Den Ament schaffen eng 3.000 Leit bei Amazon zu Lëtzebuerg.
© AFP

Amazon beschäftegt aktuell eng 3.000 Leit hei zu Lëtzebuerg a wëll bis Enn vum Joer op 3.600 kommen, dat schreift Amazon um Dënschdeg. Den US-Onlinehändler, dee säin europäesche Sëtz hei am Grand-Duché huet, géing ee vun de gréissten Employeuren hei am Land ginn. Beschäftegt gi Leit am Management, mä och an der Recherche (software development, account management, data science, machine learning, cloud development and solutions architecture). Amazon huet eis géigeniwwer och betount, datt all déi Employéen hei am Land stationéiert wieren. De Sëtz huet Amazon hei zu Lëtzebuerg an et ginn iwwert 8 Filialen am Ausland.

Amazon war an der Lescht dacks an der Aktualitéit, notamment wéinst engem Steier-Ruling. D'europäescht Geriicht huet dësen awer net als illegal staatlech Hëllef ugesinn. D'international Press kritiséiert awer, datt Amazon trotz enormem Ëmsaz ganz wéineg Steiere bezilt.

Back to Top
CIM LOGO