E Phenomen, dee sech net just op Lëtzebuerg beschränkt. Mëtt August goufen éischt "Cyano-Bakterien" an der Musel festgestallt. Dës Woch koum den ieweschten Deel vum Stauséi derbäi.
Offiziell Badegewässer ginn et der 3 hei zu Lëtzebuerg: de Stauséi mat verschiddene Plagen, de Séi zu Wäisswampech an de Rëmerschener Weier. Allen 3 goufen och fir dës Saison, déi offiziell vum 1. Mee bis nach den 30. September dauert, EU-Normen no als excellent bewäert, wat d'Qualitéit vum Waasser ubelaangt.
Elo suergt awer, wéi déi lescht Joren schonn, nees e lokale Phenomen fir Kappzerbrieches: d'Bloalgen, och nach "Cyano-bakteria", déi Mënsch an Déier ugräifen. Mat Entzündungen un der Schläimhaut oder och un den Aen, respektiv Verdauungsschwieregkeeten.
D'"Cyano-bakteria" entstinn duerch d'Sonnenastralung. Betraff ass och d'Musel, an där elo all Waasser-Sportaktivitéite verbuede sinn.
Speziell ass d'Situatioun zu Iechternach um Séi. Beléift bei Waassersport-Frënn ass deen den Ament net als Badegewässer klasséiert a gëtt doduerch och net intensiv iwwerwaacht, wat spezifesch de Phenomen vun de Bloalgen ubelaangt.
Am Fall, wou ee konkrete Problem zu Iechternach am Séi optriede géif, ass et un der Inspection Santaire, fir ze reagéieren.