Uni.luAm Pandemie-Joer war d'Uni och an der Fuerschung ëm de Virus engagéiert

Roy Grotz
Dat geet aus dem Jores-Bilan 2020 vun der Uni ervir, wou op ganz konkret Mataarbecht an der Covid Task Force higewise gëtt.

Och goufen et Etüden iwwer d'psychologesch Effekter vun der sozialer Distanz an dem Confinement, d'Analys vum Impakt vu Covid-Exit-Strategien an eng Kooperatioun mat der chinesescher Uni vu Wuhan, wou unhand vun Blutt-Echantillonen a Bio-Marqueuren d'Iwwerliewe vun Covid-Patiente berechent gouf. Alles an allem goufen et zejoert eng 1.000 Uni-Fuerschungs-Projeten, déi vun 1.100 Leit Staff duerchgefouert goufen a mat engem Rekord-Chiffer vu Fonge subventionéiert goufen (62 Milliounen Euro).

Am leschten akademesche Joer huet d'Uni.lu eng 1.600 Diplomer an den 3 verschiddene Fakultéiten iwwerreecht; dat bei enger Zuel vu 6.700 ageschriwwene Studenten an engen 290 Dozenten.

Vun de Studente sinn iwwer 900 Kandidate fir en Doktertitel ze kréien. D'Studenten, déi zu Lëtzebuerg op der Uni ageschriwwe sinn, koumen zejoert aus 130 verschiddene Länner.

De Budget vun der Uni huet sech zejoert op knapp 300 Millioune chiffréiert.

D'Uni zielt eng 1.100 Studentewunnengen a 36 verschiddene Logementer; bal all d'Wunnenge waren dann och zejoert verlount.

PDF Joresrapport

Back to Top
CIM LOGO