LSAPAm Hierscht dierft dat personalpolitescht Karussell dréinen

RTL Lëtzebuerg
Wann alles no Plang leeft, gëllt et, bis den November e Posten am Europaparlament an een an der Chamber nei ze besetzen.

LSAP-Personal-Karussell/Reportage Pit Everling

D'Konditioun fir e Changement ass de wahrscheinleche Wiessel vum Nicolas Schmit bei d'EU-Kommissioun. De fréiere Minister an aktuellen Europadeputéierten ass jo fir de Lëtzebuerger Kommissärsposten designéiert. Dat war bei der Formatioun vun der zweeter Dräier-Regierung sou ofgemaach ginn.

De Concernéierte seet sech no Gespréicher mat der wuel nächster Kommissiounscheffin Ursula vun der Leyen jo méi ewéi optimistesch, datt de Wiessel vum Parlament bei d'Kommissioun fir hien och klappt.

Sollt hien all d'Etappen iwwerstoen a sollt déi nei Kommissioun den definitive Feu Vert kréien, annoncéiere sech bei de Sozialiste personell Ännerungen.
 
Virop géif den Nicolas Schmit säin nach jonkt Mandat als Europadeputéierten nees opginn an zu Stroossbuerg géif eng Plaz fir e Lëtzebuerger fräi ginn.

Bei den Europawalen am Mee hat den Deputéierten a Stater Conseiller Marc Angel sech als Zweeten op der LSAP-Lëscht klasséiert.

Hien huet eis op Nofro hi confirméiert, datt hien nach ëmmer gewëllt wier, sech europapolitesch ze engagéieren, hie géif "Jo" zum Europaparlament soen a misst deemno d'Lëtzebuerger Chamber verloossen.

Da stellt sech natierlech d'Fro, wie fir den Zentrumsdeputéierten Angel op de Krautmaart kéint noréckelen. Nächstgewielten op der LSAP-Lëscht bei de Chamberwalen zejoert war d'Francine Closener.

Déi fréier Staatssekretärin am Ekonomiesministère dréckt sech à ce stade virsiichteg aus a seet bei eis am Gespréich, et sollt een net virun de Won lafen. Et misst ofgewaart ginn, wat zu Bréissel geschitt. A wann déi Fro sech da sollt stellen, da wéisst si elo am Moment op alle Fall nach net, wéi si sech géing decidéieren, esou d'Francine Closener. D'Première Conseillère de Gouvernement këmmert sech jo elo am Ausseministère ëm d'Promotioun an d'image de marque vu Lëtzebuerg.

Nach duerno ass déi Nächstgewielten op der LSAP-Lëscht d'Cécile Hemmen, déi nach bis viru kuerzem an der Gemeng Weiler-zum-Tuerm d'Geschécker geleet huet.

Déi fréier Gemengemamm an och fréier Deputéiert sot eis, datt een d'Reiefolleg misst respektéieren, datt si also der Francine Closener hir Decisioun géing ofwaarden.

Ma sollt déi fréier Staatssekretärin ofwénken, géing d'Cécile Hemmen d'Mandat an der Chamber awer gären unhuelen, sot si am RTL-Gespréich.

Op der LSAP-Zentrums-Lëscht hat no der Cécile Hemmen d'Joanne Goebbels den nächst beschte Score realiséiert.

Am Resumé:

Wann alles no Plang leeft, gëtt den Nicolas Schmit Kommissär, de Marc Angel Europadeputéierten. Wann d'Francine Closener wëll, réckelt si an d'Chamber no, wann net, da stéing d'Cécile Hemmen prett.

Back to Top
CIM LOGO