Am EU-VerglachLëtzebuerg huet zweethéchsten Undeel u Spezialisten an der Informatiouns- a Kommunikatiounstechnik

RTL Lëtzebuerg
Mat 8,7 Prozent vun allen Ugestallten hat Lëtzebuerg 2025 den zweethéchsten Undeel u Spezialisten an der Informatiouns- a Kommunikatiounstechnik an der EU.
© Unsplash / karandaev

Lëtzebuerg huet 2025 zu den EU-Länner mat dem héchsten Undeel u Spezialisten am Beräich vun der Informatiouns- a Kommunikatiounstechnik – kuerz IKT – um Aarbechtsmarché gehéiert. Mat 8,7 Prozent vun allen Ugestallten an dësem Beräich louch d'Land op der zweeter Plaz an der Europäescher Unioun, direkt hannert Schweden mat 8,9 Prozent. Op der drëtter Plaz stoung Finnland mat 7,8 Prozent.

Dat geet aus neien Donnéeë vun Eurostat ervir. Domat bestätegt Lëtzebuerg seng staark Positioun am digitale Secteur an ënnersträicht d'Wichtegkeet vun der Tech-Branche och fir déi national Ekonomie.

EU-wäit waren 2025 ronn 10,45 Millioune Mënschen als IKT-Spezialiste beschäftegt, wat 5 Prozent vun der Gesamtbeschäftegung an der EU entsprécht. Géintiwwer dem Joer virdrun ass dat eng Hausse vun 0,1 Prozent, ma zënter 2015 ass den Undeel souguer ëm 1,5 Prozent geklommen.

Och wann de Wuesstem an de leschte Jore liicht u Vitess verluer huet, geet den Trend weider no uewen. No besonnesch staarken Haussen 2020 an 2021 ass d'Zuel vun den IKT-Spezialiste vun 2024 op 2025 nach ëm 2,6 Prozent gewuess. Eurostat no weist dat, datt de Secteur och "wirtschaftlech Schwankunge" gutt widderstoe kann.

Am europäesche Verglach läit Lëtzebuerg domat däitlech iwwer dem EU-Duerchschnëtt. Déi niddregst Undeeler goufen a Griicheland mat 2,5 Prozent, Rumänien mat 2,7 Prozent an Italien mat 3,8 Prozent festgestallt.

Weiderhi kloer ass awer och d'Ongläichgewiicht tëscht de Geschlechter. An der ganzer EU waren 2025 80,5 Prozent vun den IKT-Spezialiste Männer, just 19,5 Prozent ware Fraen. Zwar ass den Undeel vu Fraen zënter 2015 ëm 3 Prozent eropgaangen, si bleiwen awer nach ëmmer däitlech ënnerrepresentéiert.

Déi héchste Fraenundeeler am IKT-Beräich goufen a Rumänien, Lettland a Bulgarien gemooss. Déi niddregst Undeeler goufen et an Tschechien, Ungarn an der Slowakei.

Back to Top
CIM LOGO