Zanter 2003 zeechent dës Associatioun all Joer Institutioune mam Präis "Zesummen" aus, dëst als Unerkennung fir hir Beméiunge Persoune mat engem Handicap ze integréieren. En Donneschdeg gouf den Atert Lycée ausgezeechent.
Inclusioun gëtt am Atert Lycée groussgeschriwwen. D'Schüler mat diverse Schwieregkeeten kréien eng extra Hëllef a kënnen no hirem Rhythmus schaffen.