Meescht Demanden aus Eritrea a SyrienAm Abrëll hunn 119 Leit international Protektioun zu Lëtzebuerg ugefrot
RTL Lëtzebuerg
Domat klëmmt d'Zuel vun den Asyldemandeure fir dëst Joer op 574 a läit domat ënnert dem Niveau vun zejoert.
Update: 09.12.2025 15:01
Déi meescht Demandë koumen de leschte Mount vu Leit aus Eritrea an aus Syrien. 54 Leit hunn de leschte Mount temporär Protektioun ugefrot, 46 vun dëse koumen aus der Ukrain.