Nei StudiegängAllgemeng Medezin, Onkologie an Neurologie

RTL Lëtzebuerg
Dat sinn déi dräi nei Studiegäng, déi d’Uni Lëtzebuerg vum Hierscht un ubitt.

Domat kréien e puer Medezinsstudenten d’Chance, no hirem Master hei am Land hir Spezialisatioun ze maachen. Et wëll een domat d'Fuerschung weiderdreiwen an engem Manktem un Doktere virbeugen.

Nei Studiegäng/Reportage Nadine Kremer

Mam Aféiere vun den neie Spezialisatioune solle méi Persoune motivéiert ginn, Medezin ze studéieren. Donieft gëtt d'medezinesch Fuerschung op der uni.lu gestäerkt, erkläert de Prof. Gilbert Massard, Direkter vun der medezinescher Ausbildung op der Uni Lëtzebuerg. D'Iddi ass, d'Spezialistenausbildung mat der Recherche ze verbannen.
"Do wou d'Recherche hei am Land am meeschte mat der Medezin verbonnen ass, dat sinn engersäits d'Neurosciencen an anerersäits d'Onkologie, sou datt et deementspriechend extrem logesch ass, mat deene Spezialitéiten unzefänken."

Et gëtt enk mat Spideeler an Allgemeng Medezinner zesummegeschafft, fir eng praxisorientéiert Ausbildung ze garantéieren. De Studium fir Allgemeng Medezin dauert véier, déi aner zwou Formatiounen dauere fënnef Joer. Dovun ass all Kéiers eent an der Fuerschung.

Beim Choix vun dëse Spezialisatiounen hätt ee sech vun der Recherche leede gelooss. Eng aner Méiglechkeet wier et, sech an Zukunft, wann aner Studiegäng bäikommen, op d'Besoinen anzestellen.

"Do, wou d'Besoinen héchstwarscheinlech akut sinn, dat sinn Gebitter wéi d'Aarbechtsmedezin, wou Hallschent vun de Plazen hei am Land net beluecht sinn. Eng aner Spezialitéit, ech mengen, dat huet d'Covid-Pandemie eis nach besser an d'Liicht gezunn, dat ass d'Psychiatrie. Souwuel d'Jugend, wéi och d'Erwuesse Psychiatrie."

D’Zil ass et, méi Dokteren auszebilden, fir een qualitatiivt an effizient Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg ze garantéieren. Lëtzebuerg wier an enger schwiereger Situatioun, wat d'Demographie vun de Medezinner ugeet. D'Hallschent vun den Doktere wier méi al wéi 55. A wéi vill Medezin-Studenten nom Studium am Ausland zeréckkommen, wier net gewosst.

 

"Dofir ass et interessant, dee Léiergang hei zu Lëtzebuerg unzebidden, fir déijéineg, déi jo schonn hir Ausbildung hei maachen - déi jo gréisstendeels an onse Spideeler oder wat d'Médecine générale ugeet an de Praxisse vun eise Generalisten sech ofdréint -  déi gesi jo och d'Opportunitéiten, déi se hunn, fir sech och definitiv hei nidder ze loossen. Ech mengen, dat ass eppes, wat ee vill besser gesäit, wann ee sur place ass, wéi wann een 10 Joer am Ausland ass iergendwou an dann e bëssen de Kontakt mam Land verluer huet."

D’Coursen sinn zweesproocheg op Däitsch a Franséisch. Bis Mëtt Juni kann ee sech nach fir eng vun de 25 Plazen an der Allgemeng Medezin oder eng vun den jee 5 fir an der Neurologie oder der Onkologie umellen.

Back to Top
CIM LOGO