WolzAlkoholiséierten Automobilist kollidéiert mat Luucht a muss Permis ofginn

RTL Lëtzebuerg
Géint 2.30 Auer an der Nuecht op e Freideg huet e Chauffer zu Wolz an der Rue Michel Thilges d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer.

Nodeems hien e puer Mol iwwert den Trottoir gefuer ass, ass hie géint eng Luucht gerannt. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall. De Mann war de Fürerschäin nach op der Plaz lass a krut e provisorescht Fuerverbuet. Hie gouf net blesséiert.

Zu Steesel an um Waldhaff goufe weidere Chauffere vun der Police ugehalen, déi sech alkoholiséiert hannert d'Steier gesat haten. Och hei goufen 2 Permisen agezunn.

Back to Top
CIM LOGO