
D'Police gouf alarméiert, ma éier si ukoumen, hat en anere Passant de Mann scho vun de Schinne gezunn. Well hien eng Gefor fir sech a fir anerer duergestallt huet, wollten d'Beamten de Mann an de Passagearrest bréngen, fir datt hie säi Rausch ausschlofe kann. De Mann war awer net kooperativ an huet sech de Beamte widdersat an dës och beleidegt. Dowéinst gouf hien immobiliséiert a koum als éischt fir eng Kontroll an d'Spidol. Do huet hien e Beamten attackéiert an deem e Coup de Boule ginn. De Mann koum trotzdeem an de Passagearrest a géint hie gouf eng Plainte gemaach.
Schonn an der Nuecht géint 1 Auer huet e Buschauffer d'Police alarméiert, well op der Stater Gare en alkoholiséierte Passagéier de Bus net verloosse wollt. D'Beamte konnten hien iwwerzeegen, aus dem Bus ze klammen, ma dobaussen huet hien aner Passanten aggresséiert an ugejaut. Och hien huet d'Nuecht op Policebüro verbruecht.
An engem Bistro an der Stad hat géint 4 Auer e Mann randaléiert an hien huet mat Steng op d'Gebai gehäit. Och hie koum fir d'Nuecht an de Passagearrest.
An der Rue Michel Thilges zu Wolz ass en Automobilist e Sonndeg den Owend géint 19.00 Auer ënner Alkoholafloss gefuer. Hien hat d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer, krut e Bam ze paken an huet e Gelänner um Stroosserand beschiedegt. D'Bäifuererin koum mat liichte Blessuren an d'Spidol. Bei engem Alkoholtest koum eraus, dass hien den erlaabten Héchstwäert iwwerschratt hat, krut e provisorescht Fuerverbuet a misst säi Fürerschäin ofginn.