Police melltAlkoholiséierte Chauffer krut Auto op Géigespuer ze paken, 2 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
Vun e Sonndeg op e Méindeg haten eng Partie Automobilisten ze déif an d'Glas gekuckt.

Kuerz viru 17 Auer koum et op der Streck tëscht Waarken an Ettelbréck zu engem Accident. Eng Persoun huet beim Iwwerhuelen de Säitespigel vun engem anere Gefier beschiedegt, huet refuséiert, e Constat auszefëllen, a sech duerno duerch d'Bascht gemaach. Kuerz dorobber konnt de Chauffer ermëttelt ginn. Bei den Ermëttlunge koum eraus, dass den Alkoholtest positiv ausgefall ass an e provisorescht Fuerverbuet net agehale gouf. Op Uerder vum Parquet gouf den Auto saiséiert.

Eng Stonn méi spéit krut d'Police op der A13 e Fuerer gemellt, dee wéinst sengem Fuerstil opgefall ass. Och hei war Alkohol am Spill. Hie war de Fürerschäin nach op der Plaz lass.

Géint 23.10 Auer ass e Chauffer an der Route de Thionville accidentéiert. Hie krut en Auto op der Géigespuer op der Héicht vum Pont Jean-Pierre Buchler an enger Kéier ze paken. 2 Persoune goufe liicht blesséiert. Wéi sech erausgestallt huet, hat de Fuerer Alkohol consomméiert an huet säi Permis missen ofginn.

Back to Top
CIM LOGO