
An der Rue Brill zu Féiz huet géint 17 Auer e Gefier d'Ausfaart vun engem Fast-Food-Restaurant blockéiert. Op der Plaz hunn d'Beamte vun der Police festgestallt, dass de Fuerer hannert dem Steierrad ageschlof war. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall, hien huet säi Permis missen ofginn.
Géint 23 Auer ass der Police en Automobilist zu Knapphouschent opgefall. Och hei war den Alkoholtest positiv (manner wéi 1.2‰).
Kuerz no Mëtternuecht war eng Persoun op der Tréier Autobunn ze séier ënnerwee. Bei enger Kontroll koum eraus, dass de Chauffer Alkohol gedronk hat. De Fürerschäi gouf op der Plaz agezunn.
Zu Esch huet en Autofuerer e Mëttwoch um Boulevard Hubert Clement d'Kontroll iwwert säin Auto verluer a krut dobäi e stationéiert Gefier ze paken. De Mann gouf net blesséiert, huet säi Fürerschäin awer missen ofgesinn, well den Alkoholtest positiv ausgefall ass.
Och zu Uewerpallen op der Areler Strooss gouf der Police en Accident gemellt. Den Auto stoung deels am Gruef. De Besëtzer war net méi op der Plaz, konnt awer kontaktéiert ginn. Nodeems hien iwwert Péng geklot hat, gouf en an d'Spidol bruecht. Nieft liichte Verletzunge gouf festgestallt, dass hien Alkohol gedronk hat. De Chauffer gouf protokolléiert.