
An der Mammepartei bréicht et en Team-Effort, sot den Alex Donnersbach a senger Ried. An der CSV wär en Neiufank batter néideg. Eng gëeenten Ekipp mat neie Gesiichter an Iddien, mä net nëmmen. Déi jonk Chrëschtlech-Sozial sinn der Meenung, dass och erfuere Leit un der Parteispëtzt musse sinn.
Eng ganz grouss Majoritéit vun de Membere vun der CSJ huet gläichzäiteg mam President och de Basile Dell als Generalsekretär zeréckgewielt. Si ware wéi an der CSJ-Traditioun als Ekipp ugetrueden.
D'CSJ kritiséiert d'Regierung wéinst hirer Logementspolitik: méi e groussen Echec kéint et quasi net ginn.