MeteoluxAlerte jaune um Sonndeg tëscht 12 an 20 Auer

RTL Lëtzebuerg
Nodeems et e Samschdeg schonn deels gutt gereent hat, gëllt fir e Sonndeg de Mëtteg eng Alerte jaune.
© Pixabay

Meteolux schwätzt vu Wandspëtzten tëscht 55 a 75 Stonnekilometer. Plazeweis sollen och gréisser Quantitéite Reen erofkommen, vereenzelt sinn och Donnerwieder méiglech.

D'Temperature klammen um Sonndeg deels op 20 bis 27 Grad erop, et gëtt also plazeweis nach richteg dompeg.

D'Alerte gëllt vu 12 Auer bis 20 Auer.

Aussichten

E Méindeg an en Dënschdeg bleift et nees méi dréchen, mat och e puer sonnege Momenter. Mat 19 bis 23 Grad bleift et vun den Temperaturen angenehm.

Bis Mëtt der Woch berouegt sech d'Wieder weider. Sonn a Wolleke wiessele sech of, den Donneschdeg annoncéiert sech souguer nach e Krack méi sonneg, mat bis zu 23 Grad.

METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO