
Wéinst enger eventueller Belaaschtung mat Salmonellen huet Aldi d'Produkter "Gewürzmühle XXL - Meersalz mit mediterranen Kräutern" (Portland) an "Salz in Mühlen - Mediterranes Meersalz mit Kräutern" (Grill time!) aus senge Regaler geraumt. De Basilikum an der Gewürzmëschung kéint belaascht sinn.
Betraff sinn d'Produite mat den EAN-Coden 270.1686.2 an 27.055.939. Den Halbarkeetsdatum vum betraffene Produit vun der Mark "Portland" ass 07/2024 mat der Chargennummer 125350.
Bei dem Produkt vun der Mark "Grill time!" ass et 05/2024 an d'Chargennummer 124351. Wien dës Produite scho kaf huet, soll se net iessen, mä an d'Geschäft zeréckbréngen. De Kafpräis gëtt dann och ouni Rechnung zeréckbezuelt.
Salmonelle kënne Féiwer, Bauchkrämp an Duerchfall ausléisen, dat ronn 12 bis 48 Stonnen, nodeem ee se zou sech geholl huet. Fir schwanger Fraen, kleng Kanner an eeler Leit besteet ee méi grousse Risiko.