
Wou si mer zu Lëtzebuerg drun a wéi eng Perspektive gëtt et fir déi nächst Wochen? Eng Analys vum Pierre Weimerskirch.
Aktuell Situatioun
Déi éischt Vaccine sinn am Dezember zu Lëtzebuerg ukomm. 9.750 Dosisse vun den Hiersteller Biontech/Pfizer. Schonn Enn Dezember goufen éischt Persounen zu Lëtzebuerg geimpft. Op de 16. Februar goufe 25.918 Dosisse gesprëtzt. 19.622 Persoune kruten op d'mannst eng éischt Dosis, 6.296 eng zweet. Bis dës Woch mat agerechent, huet Lëtzebuerg 52.650 Dosissen disponibel, woumat ee 26.325 Persoune kéint impfen.
Perspektiven
An de nächste Woche wäerten ëmmer méi Vaccinen disponibel si vun den dräi Impfstoffer, déi bis elo an Europa zougelooss sinn. Bis Enn Mäerz huet ee knapp 150.000 Dosissen zur Verfügung, wann d'Hiersteller sech un d'Liwwerungen halen. Ausserdeem kéinte weider Impfstoffer, déi an der EU zougelooss ginn, d'Situatioun weider verbesseren.

An der Grafik* gesäit een, wéi vill Persounen eng éischt Dosis kruten, a wéi vill eng zweet. De gréngen Diagramm weist, wéi vill Impfdosisse vun den dräi bis elo zougeloossenen Hiersteller bis Enn Mäerz sollen zur Verfügung stoen.
Méi séier impfen
Déi wëssenschaftlech Erkenntnisser aus de leschte Wochen erméigleche Perspektiven, fir méi séier ze impfen. Doduerch, datt beim AstraZeneca-Vaccin elo den Intervall tëscht der éischter an der zweeter Dosis op 10 Wochen erhéicht gëtt, brauch een net méi fir jiddereen eng zweet Dosis esou laang op d'Säit ze stellen, well bei Liwwerenkpäss ee fréi genuch reagéiere kéint.
Bei Persounen, déi schonn eng Infektioun mat Sars-Cov-2 haten, gëtt et éischt Etüden, déi drop hiweisen, datt et bei dëse Persounen duergeet, wann een eng zousätzlech Dosis kritt. Deemno wier déi éischt Infektioun quasi den éischte Vaccin, a mat enger weiderer Dosis géif d'Immunsystem e Boost kréien. Och aktuell Daten zum Biontech/Pfizer-Impfstoff weisen, datt et Sënn mécht, den Intervall tëscht den zwee Impfunge méi laang ze maachen.

*Wéi d'Grafik liesen? Blo sinn déi Persounen, déi scho komplett geimpft sinn. Rout sinn déi, déi bis ewell nëmmen eng Dosis kruten. Gréng sinn déi Dosissen, déi nach zur Verfügung stinn.
LINK: Eurosurveillance: Impact of age, ethnicity, sex and prior infection status on immunogenicity following a single dose of the BNT162b2 mRNA COVID-19 vaccine
LINK: Safety and Efficacy of the BNT162b2 mRNA Covid-19 Vaccine
LINK: Single Dose Administration, And The Influence Of The Timing Of The Booster Dose On Immunogenicity and Efficacy Of ChAdOx1 nCoV-19 (AZD1222) Vaccine