Si fuerderen d'Politik op, eppes géint d'Äerderwiermung ze maachen a manner Kuel z'exportéieren. Dogéint gouf e Freideg och an Däitschland demonstréiert. Hei gouf géint d'Bedeelegung vu Siemens um ëmstriddene Bau vu Kueleminnen an Australien protestéiert. Ma och zu London an e Samschdeg de Mëtteg hei zu Lëtzebuerg hu sech Leit mobiliséiert.
Mat enger symbolescher Aktioun wollten d'Membere vun der Initiativ „Youth for Climate Luxembourg" op d'Klimakris an d'Bëschbränn an Australien opmierksam maachen. An hiren Ae misst d'Politik endlech aktiv ginn, fir dass esou Katastrophe wéi an Australien net méi kënne virkommen.
Fir d'éischt hu sech ronn 20 Leit op de Buedem geluecht an dout gestallt, éier si ugefaangen hunn ze sangen a Flyeren ze verdeelen. De Leit misst kloer ginn, dass déi Bränn an Australien eng direkt Konsequenz vun der Klimakris sinn, esou d'Zohra Berthelemy.
Zohra Berthelemy: „An Australien ass grad de Bësch amgaangen ze brennen. Dës Bränn sinn immens schwéier, vill méi schwéier, wéi déi leschte Joren. An dat ass eng direkt Konsequenz vun der Äerderwiermung an der Klimakris. Milliounen Déiere si scho gestuerwen, vill Leit hunn hiert Doheem verluer a 25 Leit si scho gestuerwen. An d'Regierung ass net fäeg, déi Saachen anzedämmen. An den nächste Jore wäert dat och net manner ginn, mä wierklech zouhuelen, a wann ee bedenkt, dass de Summer elo eréischt ugefaangen huet an Australien, ass dat wierklech gravéierend."
Op hire Flyeren erklären si dann och, wéi ka gehollef ginn.
Zohra Berthelemy: „Also mir hunn e Flyer, do steet drop, fir d'éischtens emol ze sensibiliséieren, dass d'Leit dat wëssen, och wat de Grond dofir ass, also dass déi Bränn net einfach esou entstinn, mä opgrond vum Klimawandel, an och, wéi Leit kënnen hëllefen. Also éischtens duerch Spenden awer och andeems si aktiv ginn, andeems si sech politesch asetzen an andeems si probéieren, hir Regierungen dozou ze bréngen, eppes géint de Klimawandel ze maachen."
Et war wuel eng kleng a spontan Aktioun, ma bei "Youth for Climate" ass een iwwerzeegt, dass och dat eppes ka bréngen. Et géif scho méi bréngen, wéi doheem ze sëtzen an näischt ze maachen, esou déi jonk Aktivisten. Och déi Lëtzebuerger Politik misst sech weider verstäerkt géint de Klimawandel asetzen, esou d'Fuerderung vun deene jonken Aktivisten.