
Um Enn vun enger Woch, déi ganz am Zeeche vum Klimaschutz stoung, hunn eng 30 Aktiviste virun der Chamber d'Nuecht op e Samschdeg ënnert fräiem Himmel verbruecht. D'Persounen, déi sech fir de Klimaschutz asetzen, haten e Freideg den Owend hir Zelter matten an der Rue Marché-aux-Herbes opgeriicht.
Mat Käerzen hu si de Leit geduecht, déi vum Klimawandel betraff sinn.
Bis e Samschdeg de Moie wëllen d'Klimaaktiviste virun der Chamber bleiwen.
Mat dëser Aktioun geet eng Woch mat villen Evenementer a Maniffe géint de Klimawandel zu Lëtzebuerg op en Enn. Nodeems Jonker den 20. September zu Honnerten op d'Strooss gaange waren, hate sech e Freideg Schüler, Studenten, Erwuessener, Organisatiounen a Gewerkschaften an der Stad Lëtzebuerg fir eng méi gréng Zukunft agesat.