"Mir mussen just nach waarden"Aktioun fir méi Klimaschutz virun der Chamber

Emmanuelle Schmit
D'Aktioun soll weisen, datt d'Klimakris ëmmer méi konkret Konsequenzen huet, wärend d'politesch Reaktiounen aus Siicht vun den Organisatiounen ze lues kommen.

De Klimawandel ass scho laang keng abstrakt Zukunftsprognos méi. Och zu Lëtzebuerg si seng Auswierkunge spierbar. Mam Aktiounsnumm "Mir mussen just nach waarden" wëllen de Klimakollektiv "KliKo" an de Jugendgrupp "move." op dës Realitéit opmierksam maachen, a gläichzäiteg d'Fro stellen, wéi laang et nach dauert bis déi néideg Changementer solle kommen.

"Mir mussen just nach waarden" / Emmanuelle Schmit

E Sonndeg de Mëtten hunn déi zwou Organisatiounen eng symbolesch Aktioun virun der Chamber organiséiert. Am Mëttelpunkt stoung eng Zort Table Ronde, bei där eigentlech Politiker iwwer d'Klimakris an hir méiglech Léisunge sollten diskutéieren. Ma genee do läit de Punkt vun der Aktioun, dat als Theaterstéck inzenéiert ass : D’Politiker sinn zwar invitéiert, ouni datt se optauchen, wéi d’Nathalie Schroeder cu "Kliko" erkläert:

"Et ass en absurd Stéck, dat heescht, et geet drëms ze illustréieren, dass mer als Jonker, als Bierger vu Lëtzebuerg, hei op eng aktiv Klimapolitik waarden an dat vergeblech. An dat ass dat, wat am Theaterstéck 'Waiting for Godot' vum Samuel Beckett eben och geschitt : Do sinn zwee Charakteren , déi vergeblech op de Godot waarden."

D'Aktioun soll weisen, datt d'Klimakris ëmmer méi konkret Konsequenzen huet, wärend d'politesch Reaktiounen aus Siicht vun den Organisatiounen ze lues kommen. Si verweisen dobäi op de leschte Summer, deen zu Lëtzebuerg mat enger Moyenne vun 20,6 Grad Celsius de wäermsten zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen am Joer 1947 war. Dat entsprécht 2,7 Grad méi wéi an der Referenzperiod 1991-2020.

"Déi nächst Summere wäerte rëm dee wäermste Summer sinn an esou weider, a wei dat eist Liewe konkret beaflosst, hunn déi Leit mengen ech, déi de Summer hei zu Lëtzebuerg waren, ganz gutt matkritt : et war esou waarm, dass een net méi wollt virun d’Dier goen, Bëscher hu gebrannt an all eisen Nopeschlänner, zu deem Punkt, dass och bei eis en Damp ze spiere war, an dat si ganz konkret Auswierkungen, déi eis am Alldag belaaschten."

"KliKo" a "move." geet et dowéinst virun allem ëm d'Fuerderung, datt konkret Schrëtt ënnerholl ginn. D'Aktioun soll net nëmmen op d'Problematik opmierksam maachen, mee och d'Politik motivéieren, méi séier an ambitiéis Léisungen ze fannen:

"Dat wat mer bis elo gesinn hunn, geet eis net duer. Dofir encouragéiere mer Parteien och, fir sech elo Gedanken driwwer ze maachen , wéi se d'Klimakris an hire Walprogrammer an zwee Joer thematiséieren wäerten, wat méi schlëmm ass, wéi eng Klimapolitik déi nervt, ass eng Klimapolitik, déi net stattfënnt."

Mat "Mir musse just nach waarden" wëllen déi zwou Organisatiounen eng kloer Fro an de Raum stellen: Wéi laang kënne mir eis nach leeschten ze waarden?

Back to Top
CIM LOGO