Comité de Suivi decidéiertAffer vum Tornado kënnen elo Demandë maachen, fir vun Donen ze profitéieren

Fanny Kinsch
Nom Tornado am Südweste vum Land am August kënnen d’Leit elo hir Demande erareechen, fir vun den Donen ze profitéieren.

Iwwer 1 Millioun Euro waren nom Wiederongléck iwwer Spenden zesummekomm. E Comité de suivi soll an den nächste Méint evaluéieren, wiem déi Suen zegutt komme kënnen, esou d’Buergermeeschter vu Käerjeng a Péiteng.

An deem Comité si Vertrieder vun de Gemengen, vun de Sozialbüroen an vun den Hëllefsorganisatiounen.

D'Demande fënnt een op den Internetsäite vun de Gemengen Käerjeng a Péiteng.

Festgehale gouf awer schonn, datt Leit, déi blesséiert goufen, a Leit, déi just en Deel vum Familljeministère rembourséiert kréien, prioritär behandelt ginn. Och fir Schued um Auto kann een eng Hëllef ufroen, esou de Käerjenger CSV-Buergermeeschter Michel Wolter.

"Dee gëtt nämlech net vum Ministère de la famille geholl, dee gëtt och zum Deel jo nëmme vun den Assurancë geholl, well jo do d'Differenz gemaach gëtt tëschent der Kasko, ob een eng Kasko huet oder ob ee keng huet.”

Dat concernéiert och déi Leit, déi net an der Gemeng wunnen, ma deenen hiren Auto den Dag vum Tornado beschiedegt gouf. D’Assurancen hunn am ganze Schied vu ronn 100 Milliounen Euro festgestallt, wouvun 98 Prozent iwwerholl ginn. 40 Milliounen Euro goufe bis ewell ausbezuelt. Bei den Haiser sinn en halleft Joer nom Ongléck eréischt d’Hallschent vun den Dossiere clôturéiert.

“De Problem bei den Immeubles ass deen, datt de Gros gemaach ass, also d'Diech bei eis sinn alleguer gemaach, mee et sinn d'Fassaden. D'Fassade sinn elo am Wanter net gemaach ginn, déi ginn eréischt am Fréijoer elo gemaach, wann d'Temperaturen nees besser sinn. A vue datt déi eréischt am Fréijoer gemaach ginn, ginn natierlech och déi Haiser eréischt definitiv ofgerechent, wann dat alles gemaach ass.”

31 Haiser sinn ëmmer nach net bewunnbar. Bis wéini d’Leit eng Äntwert kréien, ob si vun den Done profitéiere kënnen, wier den Ament nach schwéier ze soen.

Back to Top
CIM LOGO