Oppositioun kritiséiert Regierungsasaz fir Mikhail Fridman"Gewisen, datt mer erpressbar sinn"

Michèle Sinner
D’Damoklesschwäert vum Mikhail Fridman senger Milliardeklo ass fort, esou de Premier Luc Frieden e Méindeg de Moien no der Reunioun vun der aussepolitescher Chamberkommissioun. Ma Gewëssheet, datt d’Klo aus der Welt ass, gëtt et net.
De Mikhail Fridman huet Lëtzebuerg op 16 Milliarden Dollar Schuedenersatz verklot, well seng Avoiren hei zu Lëtzebuerg agefruer goufen.
De Mikhail Fridman huet Lëtzebuerg op 16 Milliarden Dollar Schuedenersatz verklot, well seng Avoiren hei zu Lëtzebuerg agefruer goufen.
© PAVEL GOLOVKIN/AFP (Archivfoto)

Oppositioun kritiséiert Regierungsasaz fir Mikhail Fridman

16 Milliarden Dollar Schuedenersatz wëll de Mikhail Fridman vu Lëtzebuerg, well hien 2022 op d’EU-Sanktiounslëscht koum a seng Avoiren agefruer goufen. Eng grouss Drokuliss fir e klengt Land. De Luc Frieden sot e Méindeg de Moien, nodeems de Fridman op Demande vu Lëtzebuerg vun der Lëscht gestrach gouf, hätt déi Plainte keen Objet méi. Ma ass se domat vum Dësch?

"Also éischtens emol ass dat do elo réischt e puer Deeg hier, en Arbitrage, ass eppes ganz Komplizéiertes. Deen dauert véier fënnef Joer, dat ass esou an internationalen Arbitragen an eis Affekote si chargéiert, fir ze kucken, wat elo déi nächst Schrëtt do sinn."

Den Asaz vu Lëtzebuerg fir de russesch-israeelesche Geschäftsmann huet an der Ukrain, mee och bannent der EU, fir vill Kritik gesuergt. E Reputatiounsschued, deen LSAP an déi Gréng bekloen. D’Sam Tanson ass der Meenung, datt een an der EU muss iwwert den Unanimitéitsprinzip diskutéieren, deen engem Land erlaabt, de ganze Mechanismus ze blockéieren. Mee och iwwert d'Solidaritéit tëscht den EU-Länner, wann esou Kloen op Schuedenersatz Erfolleg hunn.

"Well dat heiten ass jo wierklech e Prezedenzfall. All déi aner Oligarchen, déi concernéiert sinn, wäerte sech dat ganz genee ugekuckt hunn a grad Lëtzebuerg als Finanzplaz ass
natierlech do extreem exposéiert a misst sech eigentlech asetzen dofir, dass dat heiten iwwerschafft gëtt.”

Och fir de Gusty Grass vun der DP läit am Fong d’Kromm op EU-Niveau an der Heck.

“Hei sti grouss Interesse vum Land um Spill. Op där anerer Säit, wat mech perséinlech am meeschten enttäuscht, dat ass de Manko u Solidaritéit um europäeschen Niveau.
Déi Fro vun der Haftung, vun der gemeinsamer Haftung, déi och ugeschnidde ginn ass, krute mer elo vun deenen zwee Regierungsmemberen an deem Sënn beäntwert,
datt do keng Reaktioun koum vun eise Partner.”

De Support vum CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet fir de Premier ass inconditionnel. D’Decisioun vun der Regierung wier am Interêt vum Land gewiescht. Och wann iwwerhaapt net analyséiert gouf, wéi dem Mikhail Fridman seng Chancë stinn, mat senge Fuerderungen duerchzekommen.

“Ech mengen, et ass en Arbitrage, do weess een ni, viru Geriicht, weess een ni, wat dobäi erauskënnt. Dat ass, wéi wann ee mam Schëff iwwert d'Mier fiert, nee? Dofir ass dat och hei schwéier, fir erauszesoen. An ech mengen net, datt et elo Zäit war, déi länger Analysen ze maachen.”

ADR huet nach keng Kritik gesinn

Och vun der ADR gëtt et Support fir d’Regierung. De Fred Keup léisst d’Geleeënheet net aus, op d’LSAP an déi Gréng ze klappen, deenen hiert Virgoen hien net versteet. Vläicht well hie vun der internationaler Kritik u Lëtzebuerg nach näischt héieren huet?

"Ech hunn néierens gesinn, dass Lëtzebuerg elo géif net positiv duergestallt ginn. Wou steet dat?"

Iwwerall an der internationaler an der nationaler Press... Ma och op der Ukrain hir Kritik gëtt hien näischt.

“Bon, déi äussere sech moies bis owes negativ zu allem. “

Aussoen, déi de Franz Fayot vun der LSAP net wonneren.

"Ech mengen déi Rietsextreem si jo ganz kloer d'Alliéiert vun de Russen an och vun den Affäristen. Dat heescht, dofir wonnert dat mech net vum Här Keup, dass en esou eppes seet.
Mee dat hei ass eng ganz problematesch Decisioun, well et effektiv, well mer eis engersäits weisen, dass mer erpressbar sinn.”

Dat wier e Probleem fir d’Finanzplaz, wou méi där Geschäftsleit ënnerwee sinn. Änlech gesäit dat och den David Wagner vun déi Lénk.

“Jo, mir liewen an enger Welt u sech, wou ee Kapitalist kann e Land ënner Drock setzen, do muss ee sech och e puer Gedanke maachen doriwwer.”

Dobäi wier de Krich an der Ukrain eng Aubaine fir d’Rüstungsindustrie – all Solidaritéitsausdréck mat der ukrainescher Bevëlkerung aus Westeuropa zum Trotz.

De Franz Fayot ass en Dënschdeg de Moie kuerz no 8 Auer eisen Invité vum Dag - do wäerte mer mat him op den Dossier Fridman zeréckkommen.

Back to Top
CIM LOGO