
De Mikhail Fridman hat Lëtzebuerg 2024 op 16 Milliarden Dollar Schuedenersatz verklot, well seng Avoiren hei zu Lëtzebuerg 2022 op Basis vun där Sanktiounslëscht agefruer gi waren.
Lëtzebuerg hat sech an de Verhandlungen dofir agesat, datt de russesch-israeelesche Geschäftsmann vun der Lëscht géing erofgeholl ginn. Ma Lëtzebuerg hätt RTL-Informatiounen no awer gutt kënnen domat eens ginn, wa kee vun deenen zwee Geschäftsmänner erofgeholl gi wär. Nodeems Frankräich aus Grënn vun der nationaler Sécherheet verlaangt huet, datt den Alischer Usmanov géing vun der Lëscht gestrach ginn, hätt Lëtzebuerg keng aner Méiglechkeet gesinn, wéi och d’Sträichung vum Fridman a sengen Interêten ze froen, esou eng diplomatesch Source géintiwwer RTL.
Am Géigesaz zum Usmanov hat de Fridman 2024 um Tribunal vun der EU an éischter Instanz Recht kritt, datt hien net op d’Lëscht géing gehéieren. Doropshin hat hie Lëtzebuerg op Schuedenersatz verklot. Lettland hat Recours géint d’Decisioun vum Tribunal gemaach, déi Entscheedung vun der Cour de Justice ass nach net geholl. Et war och Lettland, dat e Méindeg de Kompromëss, deen elo ugeholl gouf, nach emol gekippt hat.
De Kompromëss muss nach en Dënschdeg am Journal officiel vun der EU publizéiert ginn, well déi aktuell Lëscht, op där eng 3.000 Persounen an Entitéite stinn, ausleeft.
Nom Kompromëss huet de Staatsministère begréisst, datt restriktiv Mesurë wéinst dem russeschen Aggressiounskrich géint d’Ukraine erneiert goufen. Lëtzebuerg géing weider decidéiert hannert der Ukrain, hirer territorialer Integritéit, hirer Souveränitéit an Onofhängegkeet stoen.
Den ukraineschen Ausseminister Andrij Sybiha huet d'Sträichung vun den zwee russeschen Oligarche vun der EU-Sanktiounslëscht verurteelt. D'Decisioun, d'Sanktioune géint den Alischer Usmanow an de Michail Fridman opzehiewen, wier "eng Schan an net ze excuséieren", huet de Sybiha en Dënschdeg op de sozialen Netzwierker erkläert. Hien huet d'EU-Memberstaaten dozou opgefuerdert, amplaz "national Sanktiounen" géint déi ze Milliardären ze verhänken.