
Ëmmerhin ass et den zweethéchste Rang nom Poopst an der kathoulescher Kierch.
Souwuel fir de Lëtzebuerger Äerzbistum, wéi och fir de Monseigneur Jean-Claude Hollerich perséinlech koum d’Ukënnegung vun der Kardinol-Nominatioun iwwerraschend.
De Poopst kann all Joer fräi bestëmmen, wien neie Kardinol soll ginn. Datt d’Wiel och op de Lëtzebuerger Äerzbëschof gefall ass, huet fir de Generalvikar Patrick Müller seng Grënn. De Jean-Claude Hollerich hätt entretemps nämlech e gudde perséinlechen Drot zum Poopst.
En hätt jo ënner anerem a sengem Optrag d’Flüchtlingslager op Lesbos besicht an eise Bëschof wier als President vun den europäeschen Bëschofskonferenzen och e grousse Vertrieder fir d’Uleies vun Europa, sou de Generalvikar Patrick Müller.
De Jean-Claude Hollerich gëtt als Kardinol och e wahlberechtegte Member am Konklav.
Wéi de Poopst Franziskus um Sonndeg a sengem Angelusgebiet matgedeelt huet, gëtt den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich am Oktober Kardinol.
Première fir de Lëtzebuerger Äerzbistum, dee mam Jean-Claude Hollerich e Kardinol kritt. Dës Annonce huet um Sonndeg de Poopst Franziskus nom Angelus-Gebied zu Roum gemaach.
Deemno gëtt de Jean-Claude Hollerich (61 Joer) an enger offizieller Zeremonie de 5. Oktober zum Kardinol genannt, ma behält den Titel vum Lëtzebuerger Äerzbëschof.
Fir d'Diözes steet him jo de Léo Wagener (57 Joer) zur Säit, dee sengersäits d'Woch virdrun zum Weibeschof geweit gëtt. De Leo Wagener, dee fir den Ament zu Roum ass, fir sech do op seng nei Chargen am Bistum ze preparéieren.
Nieft dem Jean-Claude Hollerich ginn an engem Mount an engem Consistoire eng Dose weider nei Kardineel genannt.
De Monseigneur Hollerich ass aktuell jo och de President vun der COMECE, der Kommissioun vun den europäesche Bëschofskonferenzen.
Genee wéi z.B. de Kardinol Rainer Maria Woelki, bleift de Monseigneur Hollerich bis op Weideres wéi gesot och Äerzbëschof am Lëtzebuerger Bistum.
Domat gehéiert den Mgr Hollerich als Kardinol och dem Konklav un an deem 120 wahlberechtegt Kardineel den nächste Poopst ënnertenee bestëmmen, wann e Successeur fir de Poopst Franziskus gesicht gëtt. Vun den 13 neie Kardineel, déi dëse Sonndeg am Vatikan fir dëse Rang nominéiert goufen, sinn der 10 méi jonk wéi 80 Joer an dierfen domat am Konklav mat dobäi sinn. Den Ament ginn et weltwäit 215 Geeschtlecher am Kardinols-Rang, 118 dovunner si berechtegt fir am Konklav deelzehuelen.

De Poopst Franziskus huet säin Angelusgebiet iwwregens 25 Minutte méi spéit ugefaangen. Hie war mam Lift stieche bliwwen, well de Stroum ausgefall war.
An enger éischter Reaktioun sot de Jean-Claude Hollerich, hie wier frou fir d'ganz Lëtzebuerger Kierch. Hie wéilt säin Amt an aller Bescheidenheet ugoen a sech nach méi fir déi Sujeten asetzen, déi him an der Kierch wichteg sinn. Dat ass notamment Europa, d'Flüchtlingsfro an de Klimaschutz.
Um Méindeg de Moien huet dann och de groussherzoglechen Haff via Telegramm gratuléiert.