VerfassungsrevisiounADR: "Regierungsparteien an CSV hu kee Courage"

RTL Lëtzebuerg
Fir den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser gëtt bei der Verfassungsrevisioun Bedruch um Wieler gemaach.
© RTL-Grafik

Et wier wichteg, elo séier d’Verfassung ze moderniséieren, sou de Member vum Staatsrot a fréieren LSAP-Deputéierten Alex Bodry, mee awer och den CSV-Deputéierte Léon Gloden. Béid soen d’Aarbechten op de 4 verschiddenen Texter am Zesummenhang vun der Verfassungsrevisioun wieren däitlech verbessert gi par Rapport zur Verfassungsrevisioun, déi virun 12 Joer proposéiert gi war. Den Alex Bodry seet de Präis, fir datt d’Reform elo Realitéit gëtt, wier, datt e Referendum fale gelooss gëtt. De Léon Gloden seet sengersäits d’Bierger kënnen theoretesch nach ëmmer e Referendum iwwert d’Verfassungsrevisioun ufroen. Maache 25.000 ageschriwwe Wieler dat, da ka keng Partei sech dozou opposéieren, sou den CSV-Deputéierten.

Fir den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser sinn dat alles faul Excusen. Hie bleift dobäi: D’Regierungsparteien an d’CSV maachen hei Bedruch um Wieler. Seng Partei hätt och ni hiren Accord ginn, fir d’Verfassung esou ofzeänneren ewéi d’Majoritéit an d’CSV elo wëllen. „De Problem ass, datt d’CSV ganz wäit gaangen ass zesumme mat de Gambia-Parteien, fir wesentlech Reformen an der Verfassung duerchzebréngen. Reformen, déi zum Deel hiren eegenen historeschen Iwwerzeegunge widderspriechen“, sou de Fernand Kartheiser. Elo hätte se einfach net de Courage, fir virun d’Wieler ze goen. Dem ADR-Deputéierten no wier et un de Parteien an der Chamber, de Referendum anzeleeden an hir Walverspriechen anzeléisen, an net un de 25.000 Bierger, d’Demarche ze maachen. Senger Meenung no géingen d’Regierungsparteien an d’CSV dat elo soen, well se wéissten, datt dat ze komplizéiert ass a kaum wäert geschéien.

De Léon Gloden sot awer: „Ech mengen net, datt d’Parteien Angscht hu viru Referenden. Den CSV-Deputéierten huet – ewéi den Alex Bodry – drun erënnert, datt 2015 dräi Froe per Referendum gestallt goufen an dem negativen Ausgang vum Vott an der Verfassungsrevisioun Rechnung gedroe gëtt. Donieft gouf et och eng Biergerbedeelegung fir Virschléi ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO