
E Freideg am Nomëtteg koum et zu Hollerech op der Kräizung beim Kierfecht zu engem Accident. Véier Autoe waren hei am Coup, sou de CGDIS. Sechs Persoune si blesséiert ginn.
Nieft den Ambulanze vu Mamer, Esch an aus der Stad war och de Samu op der Plaz, genee wéi d'Pompjeeën aus der Stad a vun Hesper.
