SAMU am AsazAccident zu Bieles. 1 Blesséierten zu Munneref, nodeems Auto am Gruef gelant ass

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie géint 10.15 Auer ass zu Bieles e Motocyclist mat senger Maschinn gefall.

Nieft de Pompjeeën an der Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng, war och de SAMU vun Esch op d’Plaz geruff ginn.

Um 12.56 Auer gouf et e weidere Blesséierten op der RN16 zu Munneref, wéi hei en Auto am Gruef gelant ass. D’Rettungsekippe vu Munneref a vun Esch waren am Asaz.

E weideren Accident gouf et dann um 16.41 Auer um CR181 tëschent Stroossen an dem Briddel. Zwee Autoe sinn hei matenee kollidéiert, et gouf awer kee blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO