
D'Pompjeeë vu Beetebuerg an eng Ambulanz vun Diddeleng waren op der Plaz.
Um 13.15 Auer goufen d'Pompjeeën op de Lampertsbierg geruff, well eng Kiche gebrannt huet. Hei gouf awer kee verwonnt.
Tëscht Dondel a Kielen ass e Sonndeg e Bam op d'Strooss gefall. Wéi eis e Mobile Reporter matgedeelt huet, hu verschidden Automobiliste versicht, de Bam zesummen aus der Strooss ze huelen.
