TraficAccident um Kierchbierg an der Avenue J.F. Kennedy a Richtung Rout Bréck

RTL Lëtzebuerg
Op der Héicht vum Europaparlament krut en Auto 2 Ween ze paken an duerno e Bam, wouropshin e sech iwwerschloen huet. En ass um Daach leie bliwwen.
Accident au Kirchberg, une voiture sur le toit
Une personne a été blessée dans un accident lundi au Kirchberg.

Zwou Persoune goufe liicht blesséiert, esou d'Informatioun vum CGDIS, wärend d'Police vun engem liicht Blesséierte schwätzt.

Am Bulletin vun der Police ass ze liesen, dass den Automobilist kuerz virun 8 Auer d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer huet, en Auto lénks an ee riets ze pake krut, doropshin an en Trottoir gerannt ass, fir dann net méi laanscht e Bam ze kommen.

Den Auto ass schlussendlech um Daach gelant.

De Chauffer gouf nach op der Plaz medezinesch behandelt, éier en an d'Spidol gefouert gouf. En Drogen-Schnelltest ass positiv ausgefall.

1 Spuer war wéinst deem Accident blockéiert, wouduerch et op där Plaz zu Stau komm ass. Géint 10.30 Auer koum d'Entwarnung, dass d'Plaz vum Accident geraumt wier.

Back to Top
CIM LOGO