Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter vu Jonglënster an Nidderaanwen. Eng Persoun gouf blesséiert.
Wéi de CGDIS mellt koum et um Freideg de Moien zu weideren Accidenter.
Kuerz viru 6 Auer koum et zu Gaasperech zu enger Chute vun engem Motorradsfuerer. Eng Persoun gouf blesséiert. Am Asaz waren d'Rettungsdéngschter aus der Stad.
Zu Munneref koume géint 6.50 zwee Autoen net laanschteneen. Hei goufen zwou Persoune blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vu Réimech, Uespelt a Munneref versuergt.